1/3 vun alle Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewechgehäit! Gläichzäiteg awer leide bal 1 Milliard Mënschen op der Welt nach ëmmer Honger. Mat dëse Fakte vrun Ae schéngt et evident, datt mer mussen handelen.

Nieft der moralescher Verflichtung sech dem Problem unzehuelen, dierf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Liewensmëttelverschwendung bedeit, datt knapps 1/3 vun allen Notzflächen onnëtz bewirtschaft ginn, ouni déi enorm Quantitéiten u Waasser ze vergiessen, déi verbëtzt ginn. Fir sech dat emol bildlech virzestellen: dat sinn 250 Kubikkilometer pro Joer, also 3-mol de Genfer Séi.

A punkto CO2-Emissioune gesäit et och net besser aus: 3,3 Gigatonnen, dat sinn 80% vum CO2-Ausstouss pro Joer a China!

Dës Zuelen, déi d’FAO publizéiert huet, kann een net einfach ignoréieren. Zemol wann ee weess, datt d’Populatioun konstant wiisst a mer bis 2050 d‘Grenz vun den 9 Milliarde wäerten erreechen. D‘Erausfuerderung ass fir ze kucken, wéi mer jidderee kënnen ernieren a gläichzäiteg eis natierlech Ressourcë schounen, fir déi zukënfteg Generatiounen net weider ze belaaschten.

E puer gëlle Reegelen

 

Méi Detailler an dëse Brochure fir downzeloaden!

Brochure op Franséich Brochure op Däitsch

Wat ass den Ënnerscheed tëscht “Verbrauche bis”, “Mindestens haltbar bis” a “Verkafe bis”?

 

  • “Verbrauche bis” – Bei dësem Datum geet et ëm d’Liewensmëttelsécherheet. Hei gëtt ugewisen, no wat fir engem Dag, och mat korrekter Lagerung, Produite gesondheetsschiedlech kënne ginn an dowéinst am beschten net méi giess solle ginn. Et ass vum Gesetz nämlech virgeschriwwen, dësen Datum op liicht verdierwleche Liewensmëttelen, déi gekillt gelagert musse ginn, mat dëser Mentioun musse bedréckt ginn (Gehacktes, Fësch, Produite mat réien Eeër asw.).
  •  

  • “Mindestens haltbar bis” – Dësen Datum ass eng Qualitéitsgarantie vum Hiersteller. Hei gëtt ugewisen, wéi laang de Produit, och mat korrekter Lagerung, seng spezifesch Eegeschaften hält (z.B. e Joghurt dee cremeg bleiwe soll). Déi meeschte Produite sinn iwwert dësen Datum nach gutt. Als Regel gëllt hei: So laang de Geroch an de Goût stëmmen a keng optesch Verännerunge wéi Schimmelpilz siichtbar sinn, kann de Produit giess ginn. Hei soll ee seng eege Sënner schärfen.
  •  

  • “Verkafe bis” – Dësen Datum gëtt vu ville Butteker op liicht verdierwlech Produiten gemat, fir datt dës Produiten zu Zäit aussortéiert kënne ginn. Dacks, gëtt kuerz virdrun de Präis erofgesat datt de Produit awer nach kaf gëtt.