Radio Reportagen

  • Antigaspi: Wanderausstellung

    17.11.2017, 07:20

    Zu der Antigaspi-Campagne vum Konsumenteschutz-Ministère gehéiert och eng Wanderausstellung, déi alle Memberen vum Gemengepakt gratis zur Verfügung gestallt gëtt. Mir ware se kucken.

  • Antigaspi: eng flott Epicerie zu Zolwer

    16.11.2017, 12:15

    An der rue du Knapp fënnt eng Epicerie ewéi keng aner: bewosst akafen-gesond liewen ass de Motto. Hei fënnt ee regional a saisonal Produiten a Liewesmëttel ouni Emballage. 

  • Antigaspi: Biotonn

    15.11.2017, 17:10

    Vill Gemengen hei am Land hunn d'Biotonn agefouert. Eng Dreckskëscht, an déi déi gréng an d'Kichen-Offäll kommen. Awer och net alleguer.

  • Antigaspi: De Frigo richteg araumen

    15.11.2017, 07:20

    Dat richtegt Thema haut um 'Botz-Däi-Frigo-Dag'. Dee wëll nämlech net nëmme propper mä och nach richteg ageraumt sinn. Domatter verhënnere mer dass Liewesmëttel séier verdierwen.

  • ''Too good to go'' App

    14.11.2017, 07:20

    Anti-Gaspi Woch op RTL. Do muss een onbedéngt eng ganz bestëmmten App virstellen: Too good to go. Enn 2015 haten e puer Frënn dës App an d'Liewe geruff, well si der Verschwendung vu Liewensmëttel net méi einfach sou wollten nokucken.

  • Dons Alimentaires

    13.11.2017, 12:15

    Anti-Gaspillage grousse Sujet dës ganz Woch op RTL! An dem Kontext spillt och de Volet ''Dons Alimentaires''. Dat heescht, dat sinn all déi Iesswueren, déi an de Liewensmëttelbutteker ze vill sinn oder iwwreg bleiwen an da weider gereecht ginn fir manner bemëttelt Leit. D'Marie Gales war op déi verschidde Plaze kucken..

  • Antigaspi: Regional a saisonal

    13.11.2017, 07:20

    All Dag ginn Tonnen Liewensmëttel ewechgehäit. Net nëmmen doheem mä schonn um Wee vum Produzent op den Teller. Uebst a Geméis sinn am schlëmmsten vun där Verschwendung betraff, wou Schätzungen no alt bis zu 45 % vun der Produktioun verluer ginn, Coryse Ludowicy:

  • Antigaspi.lu

    30.11.2016, 08:47

    Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung! Mir si matten an der Woch vum Anti-Gaspillage Alimentaire. Zil ass et, alleguerten d’Acteuren, also d’Produzenten, d’Distributeuren, d’Kantinnen an d’Restauratioun ronderëm een Dësch ze kréie. fir esou déi ganz Ernährungsketten ze sensibiliséieren. D'Marie Fiebig-Engeldinger vun der Heringer Millen am Mëllerdall erkläert eis am Kiosk, wéi si an hirem Restaurant déi Aktioun an Ugrëff huelen.