Lëtz celebrate, connect, collaborate – European Entrepreneurs 2017

European Entrepreneurs dat sinn 3 Deeg wou sech 250 bis 500 Europäesch Entrepreneuren tëscht dem 17. an 19. November um Campus Belval treffen a sech géigesäiteg iwwert eng sëllechen Themen austauschen.

Wéi gesäit d'Entreprise vun der Zukunft aus? Kann een d’Pai selwer bestëmmen? Gëtt et ire kee Chef méi an esou vill Vakanz wéi ee wëllt? A wéi eng Talenter sichen d’Entreprisë vu muer iwwerhaapt?

Et geet drëm déi nei Forme vun Entreprisen an Entrepreneuren ze entdecken, déi nei Aarbechtsmethoden ze analyséieren an mat enger Astellung wéi eng Start Up sech ze etabléieren an um Marché Business ze maachen.

Wéi kritt een sech an der heiteger Welt nach dozou inspiréiert fir eng Entreprise ze grënnen a wéi kritt ee richteg Talenter dozou motivéiert fir matzeschaffen?

 Firwat op d’European Entrepreneurs kommen?

  • Connect: Dir sidd op der sich no Leit déi Är Astellung an Är Denkmanéier zimlech gläichen? Dann ass Freides den Hub Dot Event fir Iech do.
  • Celebration: Dir wëllt och eppes feieren? Da feiert um Women Entrepreneurship Day d’Diversitéit an d’Inspiratioun an dat mat engem Ofschloss um Sonic Vision Music Festival.
  • Collaboration: Brunch an interessant Geschichten aus der Businesswelt? Dann ass Sonndes Moies de richtege Rendez-Vous.

Interesséiert? Da kommt de 17., 18. an 19. November op de Campus Belval.


De Programm


Ween ass dobäi?