Dësen Donneschdeg 7. Dezember ass déi 2. Editioun vun der “Sportspress.lu Awards Night“ an der Coque. Sidd mat dobäi vun 20 Auer un op der Télé, am Livestream oder am Public, wann déi beschter Sportler a Sportlerinne vum Joer geéiert ginn:

  • Trophée du Meilleur Sportif
  • Trophée de la Meilleure Sportive
  • Challenge de la Meilleure Equipe
  • Prix du Jeune Espoir Masculin
  • Prix du Jeune Espoir Féminin
  • Prix d’honneur
  • Prix sport et handicap
  • Exploit de l’année – Prix du Public

Nieft den Trophéeën si vill Iwwerraschungen an Invitéen an der Live Emissioun geplangt, als musikaleschen Héichpunkt ass et den Optrëtt vun der belscher Band „Puggy“.

No der Zeremonie gëtt et nach eng grouss Aftershow, bei där de Public zesumme mat der Sportler feiere kann.

Fir bei der “Sportspress.lu Awards Night” an der Coque vun 20 Auer un dobäi ze sinn, ginn et nach Ticketen vun 32 Euro un.

Tickete fir Live- an Aftershow

(Sëtzplaz op der Tribün vun der Arena an Entrée fir d’Aftershow)