Resultater

Sportlechen Exploit vum Joer

De Voting vum Public ass eriwwer. Während dräi Woche gouf op RTL.lu ofgestëmmt an um Owend selwer vun der „Sportspress.lu Awards Night“ an der Coque nach mat SMS an iwwert d’RTL App.

Hei sinn d’Resultater mat dem Gewënner vum “Exploit vum Joer 2017”:

1 Gilles Muller | Match géint Rafael Nadal 31.24%

No de Victoirë vun den ATP-Tournoien zu Sydney a s-Hertogenbosch huet de Gilles Muller zu Wimbledon fir den i-Tëppelchen a senger Saison 2017 gesuergt.

2 Kimberly Nelting | Weltmeeschterin am Karate 16.66%

3 Paule Kremer | Äermelkanal 15.79%

4 Bob Jungels | Maillot Rose a Maillot Blanc am Giro d’Italia 13.87%

5 Progrès Nidderkuer | Victoire géint Glasgow Rangers 7.80%

6 Football-Nationalequipe | Match géint Frankräich 7.43%

7 Mandy Parracho/Gilles Mores | Weltmeeschterschaft Keelen 7.21%