Mind & Market in Luxembourg – Do wou d’Innovatioun op d’Businesswelt trëfft

Mind & Market ass eng Initiative vun Deloitte Luxembourg, dem Fonds national de la recherche (FNR), Luxinnovation, d’UNI.lu, Mind & Market asbl, RTL, der Fedil, Paul Wurth Incub & Equilibre zesumme mam Mediepartner Parperjam.

Wat ass eigentlech Mind & Market in Luxembourg?

Den Objektiv vu Mind & Market in Luxembourg ass eigentlech ganz einfach ze erklären: Aus allméiglechen Innovatiounen, Erfindungen a kreative Konzepter soll eng kommerziell Realitéit geschafe ginn.

Méi präzis heescht dat, datt mat Mind & Market in Luxembourg eng Plattform geschafe ginn ass, mat där Start-Upen, Leit déi eppes erfonnt hunn oder kreativ Konzepter a Projeten aus alle Beräicher, professionell ënnert d’Ärm gegraff kréien fir aus enger Innovatioun e kommerziellen a profitabele Modell ze entwéckelen.

De Forum Mind & Market in Luxembourg

Mind & Market organiséiert all Joer e Forum wou déi verschidden Start-Upen an all Persoun déi e konkret ausgeschaffent Konzept huet, hir Projete virstelle kënnen a vun Experienz vun experimentéierten Acteuren profitéiere kënnen.
Déi 3. Editioun vum Forum Mind & Market in Luxembourg ass de 14. November 2017 an der Maison du Savoir zu Belval an et ass elo de Moment fir sech anzeschreiwen.


RTL Reportage - Mind & Market in Luxembourg


Réckbléck op déi 1. Editioun 2015



Bei den 2 Editioune virdrun si schlussendlech 35, duerno 24 innovativ Projeten zeréck behale ginn.

Réckbléck op déi 2. Editioun 2016



Dës Editioun gëtt och de Start Upen déi sech op digital Technologien an d’Industrie 4.0, d’Méiglechkeet fir matzemaachen.

Mind & Market in Luxembourg – D’Plattform vun der Innovatioun

D’ganzt Joer duerch bitt Mind & Market eng Plattform un déi kreativ Projekter, revolutionär Start-Upen, innovativ Firmen mat potentiellen Investisseuren zesumme bréngt fir esou der Kreativitéit och direkt d’Méiglechkeet ze ginn fir sech an déi richteg Richtung vum Marché entwéckelen ze kënnen.

Mëllt Iech elo un