Wéi eng Schoulklass gëtt dëst Joer déi Bescht? Mellt Är Schoulklass elo un!


Wie ka matmaachen?
All Klass vum Zykel 4.1. (5. Schouljoer) aus dem Land, mat op mannst 12 Schoulkanner.

Wéi sinn d'Spillregelen?
Dënschdes spillen all Kéiers 2 Klassen géinteneen. 1 vun all Klass muss Froen beäntweren, déi déi aner Klass preparéiert huet. Technesch funktionéiert dat iwwer eng speziell Telephonsapp déi een op den Handy installéiert. Et sinn just 5 Froen mat Multiple Choice. All richteg Äntwert zielt an et gëtt 1 Punkt. Déi Klass mat de meeschte Punkten kënnt automatesch an déi grouss Finale an der Belle Etoile a spillt em den Ausfluch an den Europapark Rust.

Hei spillen déi 4 Bescht géinteneen. Et gëtt 20 Multiple Choice Froen mat Experimenter an Atelieren. Dono kommen déi 2 Klassen mat de meeschte Punkten an d'Finale. Hei gëtt et nach emol 5 Froen. Déi Klass déi als éischt 3 Punkten huet ass gewonne.
 
Kënnen all Schüler aus der Klass matmaachen?
D'Klass brauch 12 Schüler. Sinn si zu méi, kennen déi natierlech mat an d'Belle Etoile komme fir nozekucken. Et kënnen do awer net all Schüler bei de Froen mat ofstëmmen. Wann der manner an der Klass sinn, kënne Schüler aus enger anerer Klass invitéiert ginn, fir ze verstäerken.
 
Mussen d'Elteren averstane sinn?
Jo, well d'Emissioun an der Belle Etoile gëtt och live iwwer rtl.lu gestreamt an duerfir brauchen d'Kanner eng Erlabnis vun den Elteren, an net nëmmen vun der Léierin oder dem Schoulmeeschter.

Wéini ass d'Finale?

Donneschdes 23/05/2017 um 14h00. Dir musst awer schonn um 13h00 op der Platz sinn fir Iech alles erklären ze loossen. Den Animateur ass den Dan Spogen.

Muss der d'Rees an d'Belle Etoile selwer bezuelen an organiséieren?

Am Prinzip kucke mer mat der Gemeng e Bustransport z'organiséieren. Wann dat net klappt muss d'Klass dat privat mat den Elteren a Frënn organiséieren.

Wéini ass d'Rees?
D'Gewënnerklass dierf den Datum zesummen mam Reesorganisator definéieren.

Den Educatiounsministère ënnerstëtzt dëse Concours

Zréck op d'Aschreiwung