En Numm fir den Tram - Voting

Wéi soll den Tram heeschen? Dir hutt et an der Hand!

Bis de 26. Mäerz um 12 Auer kënnt Dir decidéieren, wéi den neien Tram heesche soll. Aus bal 1000 Proposen, déi Dir eis erageschéckt hutt, hu mir 24 Nimm zeréckbehalen. An Dir kënnt elo wielen!

Stëmmt mat of, ganz einfach iwwert SMS.

Schéckt d'Stéchwuert „Tram“ an d'Nummer vun Ärem Liiblingsnumm op de 62468*
Tram + Nummer
(Beispill: Tram 12) (*50cts/SMS).

A mat e bësse Chance kënnt Dir och nach ee vun eise Kaddoe gewannen.

D'Lëscht vun den Nimm déi zeréckbehale gi sinn.

Blëtz Tram 01
Boss Tram 02
Butzl Tram 03
Charly Tram 04
Donald Tram 05
Flitzi Tram 06
Fränz Tram 07
Jangli Tram 08
Ketty Tram 09
Lenni Tram 10
Luxi Tram 11
Madämmchen Tram 12
Melusina Tram 13
Milli Tram 14
Nemo Tram 15
Poli Tram 16
Renert Tram 17
Rolli Tram 18
Siggi Tram 19
Speedy Tram 20
Tréis Tram 21
Willy Tram 22
Zëssill Tram 23
Zipp Tram 24