Video on Demand bedeit, Dir kënnt Iech, legal an ouni Engagement, ee Film lounen oder kafen, a  bei Iech doheem ukucken. Oder wou Dir wëllt !

  • EINFACH !

Vod.lu as ee Browser-baséierte Service, a funktionéiert op alle Computeren, Tabletten, Smartphonen an Teléën mat Internet. De komplette Katalog as awer och op PostTV disponibel !

Am Ament ass de Service vu vod.lu keen Abonnement – Dir bezuelt nëmme Filmer, déi Dir och wierklech kuckt. Dir kënnt awer och mat engem KinoPass ganz praktesch eng Unzuel Filmer am Viraus bezuelen – mat enger Reduktioun ! Den Abo Service kënnt mi spéit !

  • ET GEET EM KINO

Anescht wéi di grouss international vod-Ubidder as vod.lu op Kinosfilmer spezialiséiert. Di bescht Kinosfilmer aus aller Welt ! Eise Katalog kann di gréisste Kinosamateuren zefriddestellen, Kinosinteresséierten hëllefen, nei Saachen an hirem Goût ze fannen, awer och einfach gutt Ënnerhalungsfilmer proposéieren.

  • DEN EXPERT-BONUS

Wéi ass dat méiglech ? Well bei vod.lu d’Filmer kategoriséiert, an dräi Sprooche beschriwwen a mat Artikelen presentéiert sinn. Dir musst also et schonn am Viraus wëssen, wéi ee Film Iech interesséiert. Eisen Interface mécht et einfach, duerch Biller, Texter an Traileren ronderëmzestöberen. Dir sicht een neie Film mat engem bestëmmte Schauspiller ? Dir wëllt nei Documentairen oder Comédien entdecken ? Léiwer Action ? Kee Problem. Et ass eng Fënster op de Weltkino, mat Expert-Bonus !

  • CINEMA MADE IN LUXEMBOURG

Vod.lu ass, duerch eng enk Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Filmproduzenten an dem Lëtzebuerger Filmfong och di eenzeg vod-Plattform, déi dem lëtzebuergesche Kino seng verdéngten Eiereplaatz gëtt. An eisem « Luxembourg Corner » fannt Dir bal all Lëtzebuerger Filmer, di je gemaach goufen. E puer Méint no hirer Sortie kënnt Dir all lëtzebuergesche Film, den Dir am Kino vläicht verpasst hutt, hei kucken - à la une. Doniewent natierlech all d’Klassiker vum ‘Troublemaker’ Thierry national bis hin zu Dokumentatiounen iwwert eis national Geschicht.

Kommt eis besichen