Radio Reportagen

  • René Schlechter - ORK

    21.11.2018, 08:10

    Wéi ëmmer um Weltkannerdag huet den ORK, den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, gëschter, säi Jores-Rapport presentéiert. Dëst Joer stoung déi mental Gesondheet vun de Kanner am Virdergrond. A wéi do d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass , dat beliichte mer mam René Schlechter. Den President vum ORK ass onsen Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.

  • Demokratiezuch vun de Kanner an der Chamber

    21.11.2018, 06:50

    D'Stëmmung an der Chamber gëscht war gutt. Dat net wéinst dem Brexit-Hearing Moies, ma wéinst de ronn 100 Kanner, déi am Nomëtten op Besuch waren. Am Kader vum Weltkannerdag haten si den Deputéierten e Bréif geschriwwen, fir se ze begéinen a mat hinnen iwwert déi Saachen ze schwätzen déi si interesséieren.

  • Weltkannerdag - Shakira

    20.11.2018, 19:15

    Eng lescht Kéier iwwerhuelen d'Schüler aus dem Cycle 3.2 vu Wolz am Kader vum Weltkannerdag eis Antenne. A si 3 schéngen grouss Shakira Fans ze sinn:

  • Weltkannerdag - Ariana Grande

    20.11.2018, 17:10

    De ganzen Dag iwwer hu jonk Schüle eis iwwer Kannerrechter opgekläert. Ma och si dierfen den Dag am RTL Feierowend ausklénge loossen an eis zu 4 mat op e musikalesche Ausfluch huelen:

  • Weltkannerdag - Angela Merkel

    20.11.2018, 14:40

    Wann een iwwer Kannerrechter schwätzt muss een natierlech och iwwer Politik schwätzen. An eng prominent Politikerin ass natierlech déi däitsch Bundeskanzlerin. Déi hei 4 Schüler hu sech fir si interesséiert:

  • Kanner beim Grand-Duc am Palais

    20.11.2018, 14:20

    D'Kanner wuessen haut um Weltkannerdag e bëssen iwwert sech eraus. Se hunn hei um Radio schonn d'Roll vum Animateur, Presentateur a Journalist iwwerholl. D'Klass 4.1 vum Victor Schalz aus der Aerenzdallschoul vu Miedernach hat sech en Häerz geholl an um Haff nogefrot ob de Grand-Duc hinnen en Interview géif ginn, an déi Saach huet geklappt. De Video fannt Dir op www.rtl.lu No der Pressekonferenz am schéin dekoréierte Sall gouf et e waarme Schocki a Schneekegkeete fir eis Mini-Journalisten, an déi meescht vun hinnen waren erliichtert, datt alles gutt gaange war a si waren voller Begeeschterung fir dat wat se erlieft hunn.

  • Weltkannerdag - Malala

    20.11.2018, 13:45

    Um Weltkannerdag geet et drëms iwwert d'Kannerrechter ze informéieren an sech dofir anzesetzen dass déi och op der ganzer Welt respektéiert ginn. D'Schüler aus dem Cycle 3.2 vu Wolz hu sech am Virfeld vum Weltkannerdag natierlech mat dësem Sujet ausernee gesat, an déi heite 5 soen Iech och wéi:

  • Weltkannerdag - Recht op Chancëgläichheet

    20.11.2018, 11:40

    En Dag am Zeeche vun de Kannerrechter an dat mat de Schüler aus dem Cycle 3.2 vu Wolz.

  • Weltkannerdag - Recht op Gesondheet

    20.11.2018, 10:45

    D'Kanner an hier Rechter stinn Haut am Mëttelpunkt um Radio. D'Klass aus dem Cycle 3.2 vu Wolz iwwerhëlt de ganzen Dag ëmmer erëm d'Antenne fir Iech opzeklären:

  • Déckkäpp Weltkannerdag

    20.11.2018, 10:20

    D'Klass aus dem cycle 3.2 vum Lena Mafra vu Wolz versteet och Spaass, an haut um Weltkannerdag ersetze si bei eis op der Antenne och d'RTL Déckkäpp.

  • Weltkannerdag - Firwat ginn et iwwerhaapt Kannerrechter?

    20.11.2018, 08:50

    Haut um Weltkannerdag hunn d'Kanner d'Muecht hei op RTL. D'Klass aus dem Cycle 3.2 vu Wolz huet Reportage fir Iech virbereet an presentéieren se Iech natierlech och um Radio. Da kommt mir lauschtere mol wien dës Kanner sinn:

  • Invité vun der Redaktioun

    20.11.2018, 08:10

    Um Weltkannerdag mussen souguer eis Journalisten de Mikro aus dem Grapp ginn, a gleeft mer och déi wieren gären an der Kanner hirer Plaz gewiescht. d'Schoulkanner vum Victor Schalz aus der Klass 4.1 vun der Aerenzdallschull vu Miedernach hu sech getraut, an hunn um Haff nogefrot fir en Interview mam Grand-Duc, an de Staatschef huet "Jo" gesot an d'Kanner am Palais empfaange.

  • Weltkannerdag - Brexit

    20.11.2018, 06:40

    All Joer um 20te November ass Weltkannerdag, en Dag wou op d'Kannerrechter opmierksam gemaach gëtt. RTL ass dowéinst de ganzen Dag Kannerhand. D'Klass aus dem Cycle 3.2 vum Lena Mafra vu Wolz iwwerhëlt eis Aarbecht an d'Kanner maache Reportagen, soen Lidder an d'Noriichten un. An de Ufank maachen déi hei 3:

  • Fakten zum Wieder (Weltkannerdag)

    20.11.2017, 19:20

    Mir deelen d'Antenn op RTL haut mat de Kanner. Dësen 20. November ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. E puer vun hinnen zielen eis elo vun engem Erliefnis, dat si d'lescht Joer markéiert hat. Claude, Laura, Jill, Kenzo a Faris schwätze vun engem Wiederphenomen.

  • Mini Déckkäpp

    20.11.2017, 17:20

    Déi beschte Witzer haut mam Laure, Max, Yana, Liam, Chloé, Inês, Alex a Gabriel aus dem Cycle 4.1 an 4.2 vu Miedernach

  • Erënnerungen un den Hurrikan Irma (Weltkannerdag)

    20.11.2017, 16:40

    Haut um Weltkannerdag loosse mer d'Nowuess-Spriecher bei de Mikro. Mat hinnen zesumme versetze mer eis elo a Gedanken nach emol an de Summer zeréck. Do hat d'Wieder nämlech verréckt gespillt op där anerer Säit vun der Welt.

  • Mini Déckkäpp

    20.11.2017, 15:15

    Déi beschte Witzer haut mam Laure, Max, Yana, Liam, Chloé, Inês, Alex a Gabriel aus dem Cycle 4.1 an 4.2 vu Miedernach

  • Dir hutt d'Wuert - Spezial 2. Deel

    20.11.2017, 12:50

    Um Weltdag vun de Kannerrechter kréien d'Kanner aus dem Kannerrot vun der Gemeng Sandweiler d'Recht dem Educatiounsminister Claude Meisch déi Froen, déi si wierklech interesséieren. Lauschtert hei nach emol d'Froe vun de Kanner an d'Äntwerte vum Minister:

  • Dir hutt d'Wuert - Spezial 1. Deel

    20.11.2017, 12:15

    Um Weltdag vun de Kannerrechter kréien d'Kanner aus dem Kannerrot vun der Gemeng Sandweiler d'Recht dem Educatiounsminister Claude Meisch déi Froen, déi si wierklech interesséieren. Lauschtert hei nach emol d'Froe vun de Kanner an d'Äntwerte vum Minister:

  • Onofhängegkeet vu Katalounien (Weltkannerdag)

    20.11.2017, 11:20

    Och Kanner kréie mat, wat an der Welt lass ass. D'Loona ass eng vun eise jonken Nolauschterinnen, dat haut um Weltkannerdag de Mikro hëllt fir iwwer eppes ze schwätzen, wat him um Häerz läit.