Radio Reportagen

Kanner beim Grand-Duc am Palais

20.11.2018 - 14:20

© Sophie Margue
D'Kanner wuessen haut um Weltkannerdag e bëssen iwwert sech eraus. Se hunn hei um Radio schonn d'Roll vum Animateur, Presentateur a Journalist iwwerholl. D'Klass 4.1 vum Victor Schalz aus der Aerenzdallschoul vu Miedernach hat sech en Häerz geholl an um Haff nogefrot ob de Grand-Duc hinnen en Interview géif ginn, an déi Saach huet geklappt. De Video fannt Dir op www.rtl.lu No der Pressekonferenz am schéin dekoréierte Sall gouf et e waarme Schocki a Schneekegkeete fir eis Mini-Journalisten, an déi meescht vun hinnen waren erliichtert, datt alles gutt gaange war a si waren voller Begeeschterung fir dat wat se erlieft hunn.
20-11-2018 WKD - Kanner no der Visite am Palais beim Grand-Duc

Fotoe ginn et op rtl.lu an e Reportage gëtt et den Owend am Magazin op RTL Tëlee Lëtzebuerg, well déi Kleng kruten och de Palais gewisen an e Kaddo krut um Enn och nach jiddereen.