Radio Reportagen

  • Mini-Journalisten mam Staatsminister

    20.11.2017, 10:30

    De Moien no 8 war de Staatsminister Invité vun der Redaktioun. Am Studio beim Xavier Bettel waren haut um Weltkannerdag d'Ivi, d'Lynn an de Luka vum Cycle 4 vu Sandweiler, déi hir Froen gestallt hunn. A nom Interview hu mir mol bei deenen 3 nogefrot wéi hinnen hier Aarbecht gefall huet, an op se zefridde mat den Äntwerten vun hirem Gespréichspartner waren.

  • Mini Déckkäpp

    20.11.2017, 10:15

    Déi beschte Witzer haut mam Laure, Max, Yana, Liam, Chloé, Inês, Alex a Gabriel aus dem Cycle 4.1 an 4.2 vu Miedernach

  • Geheimtipps um Weltkannerdag

    20.11.2017, 09:40

    D'Stare ginn hautdesdaags ëmmer méi dacks am Internet gebuer. Kanner kënne bal näischt méi mat Nimm wéi Michael Jackson oder George Clooney ufänken. Hir Stare si vill méi jonk a sinn op de soziale Medien an um Internet aktiv. Vum Noé a vum Erika kréie mir elo zwee Portraite vu Leit presentéiert, déi mir vläicht net kennen, mä déi an hirer Welt Stare sinn.

  • Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel (Weltkannerdag)

    20.11.2017, 08:11

    Et sinn 3 Kanner aus dem Cycle 4 vu Sandweiler, déi de Premier mat hire Froe gelächert hunn: politescher, mä och perséinlecher. Säin Dramberuff als Kand, wéi dacks e bei de Coiffer geet, wat en dovunner hält, datt et keng Relioun méi an der Schoul gëtt a wat ëm am beschten u senger Aarbecht gefält.

  • Carte Blanche: Kannerrechter

    20.11.2017, 07:50

    D'Kannerrechtskonventioun vun de Vereente Natioune gouf op dësem Dag viru genee 28 Joer virun der Generalversammlung decidéiert. D'UNICEF huet dës Konventioun duerno mat 10 Grondrechter zesummegefaasst. Am Ganze gëtt et awer 54 Artikel, déi vun der UNO festgehale goufen. Zesumme mat de Kanner vum Cycle 4.2 vu Miedernach plécke mir 24 vun dësen Artikelen eraus. Si klären eis elo selwer iwwer hir Rechter op.

  • Geschicht vun de Pokémon

    20.11.2017, 07:20

    Den Trend gouf d'lescht Joer lancéiert an och haut nach gesäit ee vill Mënschen duerch d'Géigend lafen, déi kleng Phantasiegestalte fänke wëllen. "Pokémon Go" mécht süchteg. An zwar jonk an al. Zwee Kanner erklären eis haut um Weltkannerdag, wéi a wou d'Erfollegsgeschicht vum Pikachu a senge Kollegen ugefaangen huet. Vum Noé a vum Sven gi mer mat zeréck an d'Zäit geholl.

  • Happy Birthday um Weltkannerdag

    20.11.2017, 06:50

    Wien kritt haut e Joer méi? Mir hu bei de Kanner nogefrot, déi eis haut um Radio ënner d'Äerm gräifen. Si hunn eis gehollef, den Iwwerbléck ze behalen. Op der Lëscht vun de Gebuertsdeeg sti vill prominent Leit, dorënner e fréieren amerikanesche Vize-President an e bekannten däitsche Comedian.

  • Fakten iwwer d'Wieder um Weltkannerdag

    20.11.2017, 06:20

    Haut gesi mir d'Welt duerch d'Ae vun de Kanner. Et ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. An si huelen sech haut och d'Recht, iech z'informéieren. Fabio, Julie an Olivier schwätzen elo iwwer d'Wieder. An si hunn eng Hellewull Rekorder dobäi.

  • Onnëtzt Wëssen um Weltkannerdag

    20.11.2017, 05:50

    D'Antenn vun RTL gehéiert haut och de Kanner. Um Internationalen Dag vun de Kannerrechter hëllefen si eis, de Programm fir eis Nolauschterer ze maachen. Si weise schonn um fréie Moien, dass si gutt informéiert sinn.