AUDIO VIDEO DOCUMENT

Live aus dem Trafic Studio

16:03 Police : Waasserrouerbroch zu Bäreldeng an der route de Luxembourg am Beräich vun der Q8-Tankstell. 1 vun 3 Spueren ass gespaart. D'Fleckaarbechten sinn am gaangen, wäerten awer bis an den Owend eran daueren. Et staut, speziell a Fahrtrichtung Walfer. Evitéieren! (Alternativ fir an den Raum Walfer, Steesel etc. : via d'A7 an den Echangeur Luerenzweiler)
15:54 CFL : D'Barrière zu Käl an der rue de Schifflange funktionnéiert erem normal.
15:50 CITA : De Camion en Panne op der A7 a Richtung Stad hannert dem Tunnel Grouft ass fort. Alles erem op.
15:02 CITA : Aarbechten bis e Sonndeg op der A13 am Tunnel Markusbierg. Do ass nëmmen 1 Spuer an all Richtung op. Staugefor am Berufstrafic.
Luet Iech d'RTL-Trafic-App erof!