OfgasskandalLëtzebuerg mécht eng Plainte géint Onbekannt

Dat huet den Transportminister François Bausch um Méindeg de Mëtteg annoncéiert.

Dieselgate:Lëtzebuerg huet eng Plainte deposéiert! (06.02.2017)
De Lëtzebuerger Staat gëtt juristesch am Kontext vum Dieselskandal aktiv an huet eng Plainte géint onbekannt deposéiert.

Lëtzebuerg mécht eng Plainte géint Onbekannt, well zu Lëtzebuerg Audie mam concernéierten EA189-Moteur homologéiert goufen.

Den Transportminister François Bausch huet am Ganze 14 Mesuren annoncéiert mat deenen op d'Ofgas-Affär reagéiert gëtt. Ënnert anerem ginn och spezifesch Sanktiounen agefouert géint Constructeuren, déi bei der Homologatioun manipuléiert hunn oder déi Autoen op de Marché bruecht hunn, déi net konform waren.

François Bausch


De Staat wier indirekt ugeschmiert ginn, esou den Transportminister François Bausch. Wann een als Minister en Delikt géif feststellen, hätt een eng Obligation légale, eng Plainte ze maachen. Et wier awer hei och en noutwennegt Instrument fir d'Wourecht erauszefannen, esou de François Bausch.

D'Plainte pénale muss iwwregens géint Inconnu sinn, se ka sech net géint eng Mark, e Grupp oder eng Persoun riichten, well d'Responsabilitéiten am Abléck absolut net gekläert wieren, huet et um Méindeg de Mëtteg am zoustännege Ministère geheescht.

Zu Lëtzebuerg waren déck 30.000 VWen, Audien, Skodaen a Seate betraff. Fir 84% vun dëse Gefierer gëtt et entretemps Léisunge fir ëmzerüsten. Ronn ee Véierel vun de concernéierte Clienten hunn dat och gemaach. Et dierften der awer nach derbäi kommen, well fir e gudden Deel vun de Moteuren eréischt zënter Dezember eng Ëmrüst-Léisung parat steet.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Pol Arlé


De Konsumenteschutz huet um Méindeg och op den Ofgasskandal reagéiert. D'Reaktioun vun der ULC fann dir hei: ULC réit hire Memberen, de Konsumenteschutz emol gewäerden ze loossen

Volkswagen refuséiert weider eng Entschiedegung fir déi europäesch Konsumenten an der Ofgas-Affär. Dat huet d'EU-Kommissioun no enger Reunioun mam VW-Chef Matthias Müller matgedeelt.

VW ass dermat d'Accord, all Mount Rapport ze maachen iwwer déi geplangten Ëmrüstungen, déi bis den Hierscht sollen ofgeschloss sinn. D'Proprietairë sollen och besser iwwert dës Méiglechkeet informéiert ginn.

D'Kommissioun huet VW op en Neits gefrot, datt se den europäesche Cliente soll eng Zort Bonus oder Entschiedegung offréieren, mä ouni Succès. An den USA huet VW iwwer 13 Milliarden Euro un Entschiedegunge bezuelt. Jee no Modell krut een als Client tëscht 5.100 an 10.000 Dollar an de Betrib huet, wann ee wollt, den Auto zréck kaf.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.