AutofestivalEditioun 2017 war bis elo zefriddestellend

Verschidde Marken haten e gudde Festival, anerer net esou. Donieft sinn d'Elektroautoen net gutt verkaf ginn.

© RTL (Archiv)
D'FEGARLUX zitt de provisoresche Bilan a constatéiert, datt et bei deenen enge Betriber a Marke gutt gelaf ass, bei deenen aneren net esou gutt. Et wiere Marken, déi méi staark vun der Diesel-Problematik betraff wieren.

Extrait Philippe Mersch


Déi Diesel-Situatioun hätt d'Leit allgemeng e bësse veronséchert, et gëtt gezéckt beim Kaf vum Diesel-Gefier. Eng Tendenz hinn zum Bensinner gouf et souwisou schonn déi lescht Joren, heescht et bei der FEGARLUX. Elektroautoen hu sech iwwregens och dëst Joer schlecht verkaaft. Dat wuel, well et net vill Auto ginn, déi elektresch fueren. Nieft den héije Präisser gëtt et och nach de Problem, datt déi Gefierer keng grouss Autonomie hunn. Och stelle sech vill Leit d'Froen, wou se hiren Auto kënnen oplueden.

Wat d'Segment ugeet, leie besonnesch kleng SUVen am Trend. Vill Leit ville sech méi wuel, wa se méi héich setzen an hunn och eng besser Iwwersiicht. An deem Beräich gëtt et dann och vill Neies um Marché.

Grouss Diesel-Limousinne bloufen dëst Joer éischter am Showroom stoen, esou nach de Philippe Mersch.

D'Geschäft ass nach net ofgeschloss. D'Konditioune goufe gréisstendeels verlängert a vill Leit decidéiere sech eréischt am Laf vum Mount.

Bilan Autosfestival / Reportage Pit Everling



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.