Opel a PeugeotOpel an Zukunft franséisch? Däitsch Politik mëscht sech an

Déi amerikanesch Entreprise General Motors wëll d'Duechterfirma Opel un de franséische Konkurrent Peugeot-Citroën verkafen.

© afp

De franséische Grupp huet esou Gespréicher och confirméiert. Donieft géing d'Firma awer och iwwerleeën, ob een net de britesche Pendant Opel/Vauxhall géing un d'Fransouse verkafen. Béid Duechterfirme schreiwe rout Zuelen.

Nodeems déi amerikanesch Entreprise General Motors ugekënnegt huet hir däitsch Duechterfirma Opel wéilten un de franséischen Autosconstructeur Peugeot-Citroen ze verkafen, huet sech e Mëttwoch déi däitsch Aarbechtsministerin zu Wuert gemellt. D'Andrea Nahles betount, et wär déi iewescht Prioritéit vun der däitscher Regierung, fir déi dräi Opel-Standuerter ze halen an och déi däitsch Zentral vun Opel zu Rüsselsheim soll net einfach eng Abteilung vun der franséischer Entreprise ginn.