General MotorsWeider 1.100 Aarbechtsplaze sollen an den USA gestrach ginn

Betraff ass d'Fabrick zu Lansing am US Bundesstaat Michigan.

Ursaach ass, dass en Deel vun der Produktioun op en anere Site am Tennessee verlagert gouf. Do ware kuerz virdrun net manner wéi 800 Aarbechtsplaze geschaaft ginn. Bis ewell ass GM der Annonce vum US-President Donald Trump, deen eegenen Aussoen no Millioune vun neien Aarbechtsplaze wëll schafen, awer net nokomm.

Schonn am November hat den Automobilproduzent annoncéiert, dass am Ohio a Michigan 2.000 Plaze géifen ofgebaut ginn, well d'Demande no verschiddene Modeller zeréck gaangen ass. Am Laf vun de leschte 6 Méint huet de Konzern schonn iwwer 4.000 Poste gestrach.