Enquêtëkommissioun ëm VW-Ofgas-SkandalTelefonsgespréich tëscht Merkel a Winterkorn am Fokus

D'Enquêtëkommissioun vum Bundestag, déi sech mam VW-Ofgas-Skandal beschäftegt héiert e Mëttwoch d'Bundeskanzlerin Angela Merkel.

Et dierft an der Haaptsaach ëm en Telefonsgespréich tëscht hir an dem fréiere President vum VW-Verwaltungsrot Martin Winterkorn am Joer 2015 goen. Och d'Relatioun tëscht der däitscher Regierung an der Automobilindustrie dierft en Thema sinn.

D'Enquêtëkommissioun hat sech am Juli zejoert konstituéiert an huet zanterhier bal 70 Experten an Zeie gehéiert.
D'Kanzlerin soll viraussiichtlech déi lescht Zeie sinn.