1 Joer Radaren307.590 Leit vun 20 Radare geblëtzt, 4 Neier kommen dobäi

Déi meeschte Sue goufe mat de Radaren zu Märel an zu Schieren gemaach.

De Radar zu Märel© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira

Bis ewell goufen 307.590 Chauffeure vun de Radare geblëtzt. 296.902 Leit kruten een Avertissement Taxé, dovunner der 285.000 Mol vun 49 Euro an 11.500 Mol vun 145 Euro. De 16. Mäerz ass et genau 1 Joer hier, datt déi 10 éischt fix Radaren installéiert goufen. “D’Zil ass et, de Stroosseraum nach méi sécher ze maachen”, seet d’Dany Frank vum Nohaltegkeetsministère. An och dëst Joer wäerte 4 nei Radaren dobäi kommen.

1 Joer Radaren / Reportage Frank Elsen


An dat um Enn vun der A4 beim Rondpoint Raemerech, op der Liaison Micheville um Belval, um CR118 tëscht Aangelsbierg a Miersch an op der N8 tëscht Sëll a Brouch. Et geet virun allem dorëmmer, fir de Stroosseraum méi sécher ze maachen, erkläert d’Pressespriecherin aus dem Nohaltegkeetsministère, Dany Frank.

Am Ministère konnt ee gesinn, datt d'Vitess op eise Stroossen allgemeng erofgaangen ass. Dat ass awer net nëmmen de Fall op deene Plazen, wou déi fix Radare stinn. Mä allgemeng, well d'Leit jo och wëssen, datt et nach 6 mobil Radare gëtt, déi zu all Moment iwwerall am Land kënne stoen.

41.792 Chauffeure goufe bis ewell vun deene 6 mobille Radare geblëtzt. D’lescht Joer hunn d’Radaren 12,5 Milliounen Euro an d’Kees bruecht. Vun deenen 20 fixe Radaren hu virun allem déi zu Märel an zu Schieren am meeschte Suen erabruecht.

Fir d’Leit nach besser iwwert d'Sécherheet am Stroosseverkéier ze sensibiliséieren, organiséiert de Nohaltegkeetsministère vum 20. Mäerz un eng Biergerconsulatioun an 10 Lëtzebuerger Gemengen. Bei dësen Echangë wäert dann och den zoustännege Minister François Bausch präsent sinn.   

Hie freet dann d'Leit, wat an der Gemeng oder an der Strooss a puncto Stroossesécherheet verbessert ka ginn.

Déi éischt Entrevue mat de Bierger ass “op der Schéiss” an der Stad geplangt. Vun Abrëll bis Juli wäert den Nohaltegkeetsminister dann och nach zu Mamer, Esch-Uelzecht, Diddeleng, Dikrech, Waasserbëlleg a Jonglënster passéieren.

Net manner ewéi 35 déidlech Accidenter sinn 2015 op de Lëtzebuerger Stroosse geschitt. Mat Hëllef vun de Radare wëll een dës Zuel dann och an Zukunft weider erofdrécken. Dem Dany Frank no géife virun allem vill Accidenter an urbane Reim geschéien.

Konkret si ganz vill Foussgänger ugestouss ginn, dat um Foussgängersträif, wat wierklech bedenklech ass. Dogéint muss ee richteg virgoen an de Leit de richtege Message mat op de Wee ginn, an zwar datt een och do gutt muss oppassen a sech och net um Foussgängersträif a Sécherheet soll spieren. Et soll een och kucken, fir e Bléckkontakt mam Automobilist ze hunn.

Et wär dann och wichteg, keng Handyen um Zebrasträifen an um Steier ze benotzen, esou nach d’Pressespriecherin vum Nohaltegkeetsministère.   

           

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.