Autotest vum 16. Mäerz 2017Volvo S90

E grousse "coolen" Auto - dat gefält dem Pascal Becker. Dat eenzegt, wat hien beim neien S90 wierklech vermësst huet, ass de fënneften Zylinder.

Dat hei ass en Auto, mat deem ee sech ouni Weideres kinnt virstellen als Minister bei engem EU-Sommet bäizefueren. Formatméisseg huet den S90 eppes vun der Statslimousine, besonnesch wéi hei am Schwaarzen. E groussen Auto, mat vill Plaz.

Volvo spillt wéi esou vill aner Constructeure mam Baukasten. Hei gi Komponente vum XC90 verbaut, a firwat och net? Besonnesch den Interieursdesign ass eng Réussite. Scandinavian Cool ass en iwwerstrapazéierte Begrëff, mä e beschreift deen net ëmmer einfache Spagat tëscht resolut modern a gemittlech.

Sëtzconfort ass eng Spezialitéit vum Haus, Finitioun a Materialien sinn absolut op däitschem Premiumniveau, a wann ee mat BMW amplaz Audi vergläicht, esouguer zum Deel doriwwer. Wien déi richteg Optiounen ukräizt, kritt richteg gudde Sound an allerlee Spillgezei, zentral gesteiert vun engem groussen Touchscreen.

E gesäit gutt aus, mä u seng Menuslogik muss ee sech gewinnen, a si ass net ëmmer esou intuitiv wéi déi bescht Systemer mat Dréiknäppchen.

Jiddefalls hu mir hei en eeschte Luxuskonkurrent, dee sech viru kengem muss verstoppen. Esoulaang ee kee Motorfetischist ass! All Volvo kommen nëmme méi mat engem 2-Liter-Véierzylinder, an diverse Leeschtungsstufen. Mat 235 Päerd ass eisen D5 sécher kräfteg genuch, mä e kléngt net wéi en Auto vun iwwer 60’000 Euro.

Ob e wéinstens esou geet, fanne mir elo eraus. Dat hei ass sécher ee vun de beschte Véierzylinder. A Volvo huet u näischt gespuert. Zwee Turboen an nach eng Pressloftfläsch déi bei nidderegen Dréizuelen d’Turbinen ubléist fir dat direkt Boostgefill.

D’Zesummenaarbecht mat der 8-Gang-Automatik ass kollegial an effikass. 240 Spëtzt, ënnert 8 Sekonne vun 0 op 100 si méi wéi séier genuch. Perfekt fir entspaant ze reesen.

Mä natierlech kënnt elo e “mä”. Wat mir hei hunn ass e bëssen den Trick vum magesche Gaspedal. Op den éischten Zentimeter, do wou ee sech normalerweis ophält, gëtt schonn 80 Prozent vun der Leeschtung benotzt. A wann een dann emol méi déif ofschlappt, kënnt haaptsächlech méi Kaméidi an hektescht Schalten. Déi meescht Leit wäert dat net stéieren. Mä ech ernimmen et wéinst dem Verbrauch. Ëm déi 8 Liter. An domatt loossen sech anerwäerts 300 Päerd a sechs Zylinder fidderen. Et huet een also kee Virdeel vum Downsizing.

Genuch gemeckert. D’Testwieder war hondsmiserabel, an eise Volvo mat Allrad e séchere Begleeder. Gutt Stroosselag, präzis an net onhandlech. Wéi esou dacks gëtt et eng optimal Astellung am Fuerwierksmenü. An déi heescht Confort. Dynamik bréngt nëmme kënschtlech Hektik an d’Spill, ouni reeelle Gewënn.

Eisen Testauto koum ouni déi optional Loftfiederung. 2’000 Euro si vill Suen. Ob klenge Kanten a Knippe sinn déi konventionell Amortisseure awer liddereg a stinn net aus dem Bett op. Eréischt grouss Verwerfunge ginn dogéint richteg confortabel geschléckt. Et feelt also e bëssen  u Geschmeidegkeet. Mä vläicht waren et och just d’Wanterpneuen.

De Volvo S90 ass e gelongenen Auto. A beim Antrëttspräis vun 38’000 Euro gëtt et sécher wéineg auszesetzen. Et kann een awer och, wann een Amok mat den Optioune leeft, labber dat duebelt dohi bliederen. An dat si mir op eemol Sphären, wou d’Zylinderzuel awer nach eng Roll spillt.