MautGréng Luucht fir den adaptéierte Vignettesystem

E Freideg de Moien huet de Bundesrat den adaptéierte Vignettesystem fir déi däitsch Autobunnen ugeholl.

© AFP
Feu vert fir den ëmstriddenen däitsche Maut-Projet mat den Adaptatiounen, déi d'EU-Kommissioun imposéiert huet. Domadder huet de Prestigeprojet vun der CSU déi lescht Etappe geholl an den Transportminister Alexander Dobrindt kann d'Maut ëmsetzen.

Zentrale Sträitpunkt war bekanntlech de Virworf auslännesch Automobilisten géifen diskriminéiert, well däitsch Residente via d'Autosteier kompenséiert solle ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.