TeslaEsou vill Autoe wéi nach ni

Den amerikaneschen Elektroautokonzern Tesla melt gutt Verkafszuelen.

Am éischten Trimester goufe 25.418 Autoe verkaf, dat sinn 69% méi ewéi fir déi selwecht Period vun zejoert.
Tesla huet op d'Trimester gekuckt d'Verkafsrekorder geknackt, grad ewéi och d'Erwaardunge vun den Analysten.

Vum Juli u baut Tesla nieft de Modeller S an X dann och de Modell 3. Dësen ass mat engem Basispräis vu 35'000 Dollar bedeitend méi gënschteg ewéi déi aner 2.