PKW-MautLëtzebuerg an aner däitsch Nopeschlänner denken iwwer Klo no

Véier Nopeschlänner vun Däitschland wëlle sech fir eng méiglech Plainte géint déi ëmstridden däitsch PKW-Vignette zesummendinn.

Geplangt wier eng Renconter vun den Transportminister vu Lëtzebuerg, Holland, Éisträich an der Belsch, fir iwwert déi weider Schrëtt ze beroden.

Mat deene Wierder gëtt ee Spriecher vum Xavier Bettel op der däitscher Noriichtenagence dpa zitéiert. Deemno wéilte sech d'Minister de 7. Juni, een Dag virun der geplangter Sitzung vum EU-Conseil vun den Transportminister hei zu Lëtzebuerg, treffen.

Éisträich hat schonn am Virfeld annoncéiert, géint des Vignette virun den Europäesche Geriichtshaff ze goen. Lëtzebuerg wier och der Meenung, dass des däitsch Maut aner EU-Bierger benodeelegt, sou dem Lëtzebuerger Premier säi Porte-Parole.

Am Januar hat d'Lëtzebuerger Regierung annoncéiert, dass ee sech eventuell enger Plainte vun Éisträich géif uschléissen. De Bundesrat hat leschte Freideg fir eng PKW-Vignette gestëmmt.