Autotest vum 6. Abrëll 2017Peugeot 3008

De Pascal Becker probéiert den "Europäeschen Auto vum Joer" - de Peugeot 3008! Op et och säi perséinlechen Auto vum Joer gëtt?

„Auto vum Joer“, dat ass esou eng Saach. An der Lëscht vun de Gewënner ginn et reell Klassiker a schrecklech Kraken, wou ee sech freet, wat d’Jury deemools gefëmmt hat. Den 3008 gehéiert definitiv net zur leschter Kategorie. Mä dee beschten Auto vum Joer? Loosse mir et wéi den Neil Armstrong formuléieren: e klenge Schrack fir d’Automobil, e riise Schrack fir Peugeot.

Ee vun den Auswielkritären ass Design, an do sammelt den 3008 fläisseg Punkten. Präsenz an Eleganz, wou de Virgänger nach wéi en opgeblosene Autosballon ausgesinn huet. Hei hu mir e SUV, dee Polo dréit amplaz Trainingskostüm.

Esouguer bannen hunn d’Fransousen elo en eegene Wee fonnt, dee Qualitéit ausstrahlt, ouni germanesch Tendenzen ze kopéieren. Chic. Iwwert dat klengt Steierrad kann ee streiden. Peugeot seet, et géif de Bléck op d’Instrumenter fräi maachen an zur Handlechkeet bäidroen. Ech soen, dass et haaptsächlech praktesch ass, fir mat Handschellen ze fueren. Wat, wann ee franséisch Presidentschaftskandidate kuckt, sécher net vu Muttwëll ass.

Plaz a Sëtzconfort si gutt. Wéi se haut bei villen Autoe gutt sinn. Neiland ass hei schwéier ze gewannen. Och fir en Auto vum Joer. Mä déi optionell Massage-Sëtzer si wëllkomm, grad esou wéi de spezielle Look vun de Liedersëtzer. Look ass bei dësem Auto iwwerhaapt en operatiivt Wuert.

Leit, déi en SUV ouni Allrad kafen, erënnere mech e bëssen un een, deen e Messer bestellt, wat net schneit. Just well d’Messer cool ausgesäit. Den 3008 kritt een net als Allrad. Fir ronn 400 Euro bitt Peugeot e puer elektornesch Këschten un. Advanced Grip Control probéuiert dann dat bescht aus nëmmen zwee ugedriwwene Rieder erauszehuelen. An ech huelen un, dass dat fir déi meescht Keefer och wäert duergoen.

An der Debatt tëscht Diesel a Benzin bréngt eisen Testauto e puer wichteg Punkte fir de Bensinner. Säi 1600er Turbo huet 165 Päerd, harmonéiert gutt mat der 6-Gang-Automatik a leeft virun allem extrem roueg, wat ganz agréabel ass. Och d’Fuerleeschtunge si fir dës Zort vun Auto an der Rei. Den Nodeel kënnt awer bei der Pompel. 8 Liter op 100 sollt een aplangen, e vergläichbaren Diesel géif mat 2 manner auskommen.

Eng Qualitéit, déi Peugeot ëmmer hat, war eng geschmeideg Fiederung. D’Firma war esouguer eng vun de raren, déi  hir Amortisseure selwer gemaach huet, amplaz se extern anzekafen. Wou dem 3008 seng hir kommen, wees ech net. Mä si sinn zimlech ferm! An da gëtt et nach e Sport-Knapp. Mat deem een de facto vu Bichen- op Eeschenholz ëmschalte kann.

Mam Sport-Programm kënnt dann och nach deliziéis Kitsch-Sound-Ambiance, wou e Computer probéiert, synthetesch d’Usauggeräisch vun zwee duebele Webervergaser z’imitéieren. Lächerlech an iwwerflësseg. Well Sport ass hei definitiv net d’missioun an d’Réckmeldung ass bescheiden.

Am Resumé ass den Auto vum Joer schéin, banne wéi baussen, agréabel ze fueren ouni exzeptionell ze sinn... an net ganz bëlleg. Sécher, d’Präislëscht geet bei 23’400 Euro un. Mä eisen Testexemplaire mat all de schéinen Accessoiren huet iwwert 41’000 Euro kascht. Fir e 1600er ouni Allrad...

Peugeot 3008 (06.04.2017)
Autotest