Autosfoire vu ShanghaiGeschwënn den éischten Elektroauto a China

Zu Shanghai ass um Mëttwoch den Optakt vun der gréisster Automobilfoire vum Land.

Autosproduzente wéi Volkswagen, Toyota a Ford hunn de chinesesche Marché am Viséier. Si wëllen de Besoine vun der Mëttelschicht, déi ëmmer grouss gëtt, awer trotzdem mat ëmweltfrëndlechen Autoe wëll fueren, entgéintkommen.

Déi chinesesch Regierung plangt vum nächste Joer un ee Quotesystem, deemno all Autosproduzenten ee bestëmmten Undeel un Elektro- an Hybridautoe mussen hierstellen.

Op dës Manéier wëll Peking op déi staark Loftverschmotzung an de Metropole vum Land reagéieren.

VW, ee vun de Leader um chinesesche Marché, wëll d'nächst Joer den éischten Elektroauto a China verkafen.