RadarenStaatsrot iwwer "forfaitär Amenden" fir geblëtzte Chaufferen

Et geet virun allem ëm d'Prozedur vun enger Zomm, déi ze bezuelen ass, wann een net an engem éischten Delai vu 45 Deeg bezilt.

Zanter Mäerz zejoert sinn d'Radaren am Land am Asaz, souwuel eng 20 fix installéierter, wéi och där mobiller, mat deenen déi Chauffere geblëtzt ginn, déi sech net un d'erlaabt Vitesse-Limitatiounen halen.

Duerch e Gesetzprojet soll de System vun der Condamnatioun méi einfach ginn, och sollen d'Justiz-Instanzen entlaascht ginn, andeems eng "amende forfaitaire" agefouert gëtt.

De Staatsrot, deen en Dënschdeg säin Avis zu deem Gesetztext ugeholl huet, begréisst vill Punkten am neien Gesetz, mä mécht och eng Rei fundamental Remarken ...

Avis Staatsrot Radargesetz: Reportage Roy Grotz



... an déi concernéiere vrun allem d'Prozedur vun der forfaitärer Amende - eng Zomm, déi ze bezuelen ass, wann een net an engem éischten Delai vu 45 Deeg bezilt. Dësen éischte Bréif soll um normale Postwee an Zukunft verschéckt ginn - wann da bannent annerhallwem Mount net bezuelt gouf, kënnt de Recommandé heem a dann spillt de System vum Forfait - dat ass dann e Montant, deen net dierf méi wéi dat Duebelt sinn, déi de Protokoll wéinst ze séierem Fueren souwisou kascht hätt. Mä et ginn d'administrativ Fraisen bei déi éischt Zomm bäigerechent. De Forfait gëllt och nëmmen dann, wann duerch ze séiert Fuere keng Punkten um Permis ofgezunn ginn.

Zum Deel kann de Staatsrot net mat Inkohärenze liewen, déi sech duerch d'Festleeë vun dëser Zomm erginn, wëll de Risk bestéing fir d'Proportionalitéit net kënnen ze garantéieren. Duerfir op deem Punkt och eng formell Oppositioun.

Soss da seet sech de Staatsrot d'accord, ëm sou méi et sech ëm eng fundamental Innovatioun am Lëtzebuerger Justizwiesen handelen - d'Auteuren hätten am Gesetz hir Sourcen net uginn, heescht et, mä dat hunn d'Spezialisten aus dem Staatsrot nogeholl a preziséieren, datt et d'Amende forfaitaire schonn zanter den 20er Joren am franséischen Droit pénal gëtt.

Och den Term vun der Amende gëtt duerch de Staatsrot präziséiert, dee weider ervirhieft, datt de Procureur elo nei Kompetenze kritt, wat e Choix vun "politique criminelle" géif duerstellen. De Staatsrot wëll dann och d'Ajoute am Gesetzestext gesinn, datt d'Decisioun fir eng forfaitär Amende misst vum Procureur d'État ausgoen.

Eng zweet "opposition formelle" mécht de Staatsrot beim Artikel 14 vum Gesetzprojet, wou et ëm d'Retro-Aktivitéit geet, déi deem héije Gremium no net kéint zum Droe kommen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.