Diesel-Skandal an Däitschland geet weiderPorsche muss 22.000 Autoen zeréckruffen

Porsche muss wuel europawäit 22.000 Autoen zeréck ruffen. Dat sot den däitschen Transportminister Alexander Dobrindt en Donneschdeg zu Berlin.

© afp

Et wier festgestallt ginn, datt am 3 Liter Diesel vum Modell Cayenne eng illegal Technik verbaut gouf, déi erkenne kann, wann den Auto um Préifstand steet.

Den Dobrindt sot weider, datt et en Zouloossungsverbuet géing ginn, fir datt keng weider betraffen Autoe méi op de Marché kéimen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.