VW bitt "Abwrackprämie"Bis 10.000 Euro fir alen Diesel bei Kaf vun neiem Auto

Nom Dieselskandal bitt den ëmstriddene Konzern 2000 bis 10.000 Euro fir déi, déi en alen Diesel géint en neien Auto antausche wëllen.

© afp

Volkswagen bitt senge Clienten, déi e méi alen Diesel hunn an en néien Auto kafe wëllen, ab elo eng "Umstiegsprämie" vun 2.000 bis maximal 10.000 Euro. Dës Zomm ass ofhängeg vum Autosmodell. En neie Golf oder Tiguan brénge 5000 Euro, während ee bei engem Touareg 10.000 Euro zréck kritt. Déi eenzeg Viraussetzung ass, datt den alen Auto verschrott gëtt an eng Ofgasnorm Euro 4 oder drënner huet.

Nieft der "Umstiegsprämie" huet VW elo och eng "Zukunftsprämie" agefouert, bei där et tëscht 1.000 an 2.380 Euro fir en néien Äerdgas-, Hybrid- oder Elektroauto gëtt. Och d'Duechtergesellschaft vu VW, Audi, bitt dëst schonns un. Aner Autosmarken, déi mat VW zesummen hänken, dierften an den nächsten Deeg no kommen. Seat, Skoda a Porsche hunn deemno ähnlech Aktiounen ugekënnegt.

VW ass domat e bësse méi lues wéi aner Konzerner. Ford, BMW an Daimler hate schonns d'lescht Woch ähnlech Aktioune virgestallt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.