VIDEO: Wou si se drun?Lëtzebuerger Plainten am Dieselskandal

D'Regierung huet eng Plainte annoncéiert, well vill Dieselautoe goufen zu Lëtzebuerg homologéiert. Et wéilt een domadder de Ruff vum Land verdeedegen.

Plainte am Dieselskandal (08.08.2017)
De Ruff vum Land soll verteidegt ginn.

Verschidde vun de manipuléierten Diesel-Gefierer goufen am Grand-Duché homologéiert.

VW an Audi wëllen d'Proprietäre vun eeleren Diesel-Autoen duerch Primmen dozou beweegen, nei Modeller ze kafen. Bis zu 10.000 Euro si méiglech. Dës Annonce vum Dënschdeg, wäert déi sëlleche Concernéiert awer kaum zefridde stellen. Si fille sech vun der Auto-Industrie, an deels och vun der Politik, bedrunn.

Mä, wéi gesäit et dann aus mat méigleche juristesche Schrëtt vun de Konsumenten an wou ass d'Plainte vun der Regierung am Diesel-Skandal géint X drun ?

De Sascha Georges huet beim Affekot nogefrot.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.