VakanzentraficAlerte rouge an noir op de franséische Stroossen

Décke Vakanzentrafic annoncéiert sech op de franséische Stroossen. Bison Futé huet den Dag vun e Samschdeg a béid richtege rout klasséiert.

Op de franséische Stroosse mussen d’Automobilisten dëse Weekend vill Gedold matbréngen. Bison futé mellt rout, wat d'Departen an och d’Retouren op der Strooss ugeet.

Am Departement Auvergne-Rhône-Alpes, gesäit Bison Futé esouguer schwaarz, a rechent mat engem Pic vum Trafic géint der Mëtteg.

Um 9 Auer e Samschdeg de Moien waren schonn 175 Kilometer Stau landeswäit enregistréiert ginn. Eleng tëscht Lyon a Marseille waren 22 Kilometer Stau gemooss ginn.

Och um Sonndeg dierften nach ëmmer vill Leit heem fueren. Allgemeng dierft et do awer méi roueg wéi ginn.