FOTOEN a VIDEO: IAAZu Frankfurt weist d'Auto-Branche nees, wat se huet

De Pascal Becker ass fir RTL Tëlee Lëtzebuerg live op der IAA dobäi.

Op der internationaler Automobilausstellung zu Frankfurt steet den Auto a seng Zukunft natierlech nees am Mëttelpunkt.

IAA: Den Auto a seng Zukunft stinn am Mëttelpunkt (12.09.2017)
Zu Frankfurt huet d'Branche nees gewisen, wat se huet.

De Pascal Becker ass fir RTL Tëlee Lëtzebuerg live op der IAA dobäi.



Automobilsalon ënner Drock, manner Firme vertrueden
En Dënschdeg war zu Frankfurt den Optakt vun der 67. IAA, dat mol zumindest fir d’Press. Den internationalen Automobilsalon steet déi Kéier awer méi wéi jee ënner Drock, an huet schonn am Virfeld misste Plomme loossen.

E Stand op der IAA ass och net geschenkt... Dofir iwwerleeë sech vill Konstrukteuren, ob et net aner Weeër gëtt, fir de Produit un de Mann ze bréngen. Grad an enger Zäit, wou och grouss Entreprisen e bëssen op d'Suen oppasse mussen.

Méi wéi eng Dose Marke sinn net op Frankfurt gereest. Zu Frankfurt feelen Nissan, Peugeot, Aston Martin oder Rolls Royce. Ma och Tesla ass net vertrueden. Trotzdeem bleiwen der awer nach eng gutt Partie vertrueden a vill Modeller feieren hir Première.

D‘Elektromobilitéit, Digitaliséierung, an autonoomt Fuere si Schwéierpunkten. Mä déi jéngste Fuerderungen no Fuerverbuet an Diskussioune fir den Diesel- a Verbrennungsmotor ganz ofzeschafen, ass dat net Gëft fir de Succès vun engem Autosalon? 

Eise Mann op der Plaz Christian Schmit hat den Autoexpert Ferdinand Dudenhöfer iwwer d’IAA 2017 um Mikro.

Extrait Ferdinand Dudenhöffer



© Christian Schmit / RTL


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.