Op der IAAKeng Dieselmotore méi a Klenggefierer vu Skoda

An engem Interview mam Handelsblatt huet de Chef vu Skoda annoncéiert, datt een a kleng Autoe keng Dieselmotore méi géif abauen.

© AFP
Dëse Changement géif net nëmme fir vereenzelt national Marchéë gëllen, mä fir déi komplett Gamme vu Skoda. Esou géif an Zukunft de Citigo an och de Fabia net méi mat Dieselmotoren ze kafe ginn. Och den neie Fabia, deen an zwee bis dräi Joer op de Maart soll kommen, wäert keen Dieselmotor kréien.

Grond dofir sinn d'Käschten fir d'Ofgsbehandelung. Manner Emissioune bei engem Diesel géife méi héich Käschte bedeiten, déi bei ronn 1.000 pro Auto géife leien. Dat wier eng Hausse, déi ee bei Klenggefierer ganz schwiereg kéint duerchsetzen, sou de Skoda-Virstandschef Bernhard Maier am Interview mam Handelsblatt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.