VIDEO: Autonoomt FuerenAccord mat Däitschland a Frankräich fir Test-Streck

Um Donneschdeg ass zu Frankfurt op der IAA en Accord ënnerschriwwe ginn tëschent Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich.

IAA: Accord mat Däitschland a Frankräich fir Teststreck (14.09.2017)
Um Donneschdeg ass zu Frankfurt op der IAA en Accord ënnerschriwwe ginn tëschent Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich.
Den Accord gesäit vir, dat am Dräilännereck op den Autobunnen tëschent Saarbrécken, Diddeleng a Metz eng Teststreck fir d'Weiderentwécklung vun autonomen Autoen an Dateniwwerdroung entsteet. Et ass déi éischt grenziwwergräifend Zesummenaarbecht an dëser Zukunftstechnologie.

Et wëll een nees zu de Pionéierlänner gehéieren, sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, sou datt een an e puer Joren net méi laanscht Lëtzebuerg kënnt.

Radare gesinn den Ament awer nëmmen 250 Meter wäit. Dat sinn op enger Autobunn 5 Sekonnen. Et geet also drëms, fir eng Dateniwwerdroung ze bauen, déi ëmmer funktionéiert.

D'Uni soll zum Beispill Projeten an deem Beräich ze definéieren a weider Akteuren an d'Land ze zéien. Mee och den Assurance-Secteur iwwerleet schonn, wien da spéider Schold un engem Accident ass.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.