VIDEO: AutomobilclubElektresch bedriwwe Gefierer am Test

Beim Automobilclub konnten d'Leit um Samschdeg verschidden elektresch ugedriwwe Gefierer testen. Op Véier- oder Zwee-Rieder.

D'Elektromobilitéit fërderen (16.09.2017)
Um Samschdeg konnt ee beim Automobilclub verschidden elektresch ugedriwwe Gefierer testen.

Theoretesch kinnte jo och Autoe mat Naturgas ugedriwwe ginn, mee d'Industrie setzt hei fir d'Zukunft jo éischter op d'Elektrizitéit. Beim ACL stoung d'Elektromobilitéit um Samschdeg am Mëttelpunkt. Vëloen, Trottinetten oder e.a. Motorieder konnte getest ginn.

Den Elektroauto stécht nach an de Kannerschong. Den Uschafungspräis an d'Autonomie schrecken nach of. Zu Lëtzebuerg goufen d'lescht Joer eng ronn 1000 Elektroautoen gezielt.

Eent ass kloer. Den Elektroauto mécht nëmme Sënn, wann 100 prozenteg grénge Stroum drastescht. An anere Wieder, Stroum gewonnen aus erneierbaren Energien.

Dem zoustännege Minister no, dauert dës Transitiounsphase tëscht 10 a 15 Joer. Eng 800 Elektroborne solle bis 2020 duerch d'ganzt Land installéiert ginn. D'Halschent op P&R Parkplazen, déi aner iwwer d'Land verdeelt.



E Reportage vum Christophe Hochard.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.