VWZousätzlech Käschte wéinst Diesel-Skandal?

D'USA verkloen den Autobauer elo och virum Landgericht Braunschweig op Schuedenersatz.

De VW-Konzern muss wéinst dem Dieselskandal mat zousätzleche Käschte rechnen.

D'US-Regierung verlaangt vum Autosfabrikant Schuedenersatz an dräistelleger Milliounenhéicht. Hannergrond si massiv finanziell Verloschter, déi verschidden US-Pensiounsfongen duerch d'Chute vun der VW-Aktie erlidden hunn.

De Moment kloe schonn eng honnerte VW-Investisseuren op Schuedenersatz vun insgesamt 9 Milliarden Euro. Bis ewell huet de Skandal de Konzern an den USA scho méi wéi 20 Milliarden Euro kascht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.