ICCTNei Autoe verbrauchen an der Moyenne 42% méi Sprit

Nei Autoe verbrauchen an der Moyenne 42% méi Sprit wéi d'Constructeuren offiziell uginn. Dat seet d'Ëmweltorganisatioun ICCT.

Den Ecart tëscht den theoretesche Wäerter an der Praxis wier sou grouss ewéi nach ni. 2013 waren et nach 25%.

D'Organisatioun huet d'Donnéeë vu méi ewéi enger Millioun Autoen aus aacht Länner ausgewäert.

Vum neie WLTP-Standard erhofft ee sech, datt domatten d'Tester an de Laboe méi no un d'Realitéit wäerte kommen.