DäitschlandDen ADAC muss 90 Milliounen Euro Steieren nobezuelen

Wéi d'Süddeutsche Zeitung mellt, muss den ADAC 90 Milliounen Euro Steieren nobezuelen. Bis 2020 sollen dann och 350 bis 400 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn.

Den ADAC huet wësse gedoen, si wéilten d'Kotisatiounen net erop setzen, och um Service soll net gespuert ginn. De Grond fir d'Steieren déi nobezuelt musse ginn, ass eng Ännerung vun der Zoustännegkeet. Zanter 2010 ass d'Bundeszentralamt fir Steieren a ganz Däitschland responsabel fir d'Kontroll an d'Festsetze vun der Versécherungssteier. Anescht wéi d'bayresch Finanzverwaltung, ass d'Bundeszentralamt der Meenung, dass den ADAC ebe grad déi Versécherungssteier muss bezuelen.
Den ADAC muss réckwierkend ob 2014 déi Steieren nobezuelen.

Den ADAC kritt vu senge ronn 20 Milliounen Memberen all Joer ronn 1 Milliard Euro Kotisatiounen eran. Ënnert dem Stréch bleift do awer dacks net vill iwwreg, an et ginn och emol Jore wou e Minus verbucht gëtt.

Wéi d'Süddeutsche mellt, missten dann och elo bis 2020 ronn 350 bis 400 Plazen ofgebaut ginn, dat allerdéngs ouni, dass Leit gekënnegt solle kréien. Den ADAC betount, dass dee Spuerprogramm schonn am Fréijoer decidéiert gi war.