Neie Papamobil?De Poopst krut e wäisse Lamborghini Huracán geschenkt

E Mëttwoch huet de Poopst en eenzegaartege Lamborghini Huracán an de Faarwe vum Vatikan entgéint geholl. E soll elo fir de gudden Zweck versteet ginn.

De Lamborghini soll deemno net de Papamobil vu bis elo ersetzen, ma soll fir karitativ Zwecker versteet ginn. Den Auto huet eng Valeur vu ronn 200'000 Euro, soll awer bei Stee vum Auktiounshaus Sotheby's däitlech méi Suen erabréngen. 

Den Erléis gëtt virun allem fir den Neesopbau vu Wunnengen an der Regioun Ninive am Irak genotzt.

Dass de Poopst sou Kaddoe wéi de Lamborghini gemaach kritt, ass keng Nouveautéit. De Poopst Franzikus hat schonn emol eng Harley Davidson geschenkt kritt, déi du fir de gudden Zweck ënnert den Hummer komm ass.