VIDEO a FotogalerieInternational Motor Show: Autoen, Showen a Legenden

Nieft de flotten a séiere Gefierer, konnt een op der Intnerational Motor Show och déi eng oder aner Legend aus dem Motorsport begéinen.

Vun Oldtimer bis nei Ween a Motorrieder fënnt een do sou zimlech alles op der International Motor Show.

Mat derbäi war och nees de Walter Röhrl, den zweefache Rallye-Weltmeeschter war 15 Joer laang am Automobilsport aktiv an huet net fir d'éischte Kéier de Wee op Lëtzebuerg fonnt. E war schonn e puer Mol op der IMS an en ass am Juli 2017 och beim Rallye Lëtzebuerg un den Depart gaangen.

Extrait Walter Röhrl



"Eng Meeschterschaft geet ëmmer iwwert e ganzt Joer, do muss een och emol taktesch fueren an net all Course gewannen. Do kommen dann och Situatiounen, wou ee sécher muss goen, datt den Auto net futti geet. An enger Meeschterschaft muss heiansdo och d'Gehir mam Fouss um Gas verbonne sinn. Vun 18 Joer u souz de Walter Röhrl pro Joer ongeféier 120.000 Kilometer am Auto. An de Joren, wou hie seng Titele geholl huet, ass hien tëscht 250.000 an 300.000 Kilometer am Joer mam Auto gefuer. Übung macht den Meister", esou de fréiere Welt- an Europameeschter um RTL-Mikro

Motorshow 2017 um Kierchbierg (18.11.2017)
Dobäi ass den zweefache Weltmeeschter am Rallyesport, Walter Röhrl.


FOTOGALERIE: Impressiounen vum Ketty a Rom Hankes
FOTOGALERIE: Impressiounen vum Didier Weber a Paul Theisen



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.