Däitsch MautHolland schléisst sech Plainte vun Éisträich un

Holland schléisst sech der Plainte vun Éisträich géint déi däitsch Maut un, huet et e Mëttwoch de Moien aus dem Verkéiersministère vun Den Haag geheescht.

Am Oktober schonn haten d’Hollänner annoncéiert eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff ze préiwen. Dofir war scho mat dësem Schratt gerechent ginn. Vun Diskriminatioun duerch d’Maut ass rieds. Ronn 60 bis 100 Milliounen Euro missten hollännesch Automobilisten am Joer fir d’Maut ausginn, hat de Ministère ausgerechent.