Video-ReportageVirum Autofestival ginn d'Vendeuren extra forméiert

Alternativ Motorisatioune leie jo am Trend, dofir soll d'Verkafspersonal do op e Maximum vu Froe vun interesséierte Clienten äntwere kënnen.

Virum Autofestival: Verdeure gi forméiert (08.01.2018)
D'Verkafspersonal aus de Garagen am Land soll optimal preparéiert sinn an d'Clientë bei alternative Motorisatiounen gutt berode kënnen.
Am Ganzen eng 180 Leit huelen elo nach virum Autofestival Enn Januar un der Formatioun deel, e Méindeg am éischte Cours an der Chambre des Métiers waren et der ronn 30.

Den Interessi vum Client un Elektro- an Hybrid-Autoen ass am Gaang weider zouzehuelen, grad an Zäiten, wou a munche Stied vun Europa verschidde Restriktioune gëllen, wat d'Diesel-Gefierer ugeet.

Ma all Motorisatioun huet hir Spezificitéit. Esou misst sech de Client zum Beispill beim Plug-In-Hybrid bewosst sinn, dass e säi Gefiehr dacks oplueden an un d'Stéckdous stieche muss, fir optimal dovunner profitéieren ze kënnen, dat weess och de Guido Savi, e spezialiséierte Formateur.

En Äerdgas-Auto, dat ass schonn zanter 20 Joer eng Alternativ, ma konnt sech an där Zäit nach net duerchsetzen.

D'Vendeuren, déi e Méindeg un der Formatioun, déi ee ganzen Dag laang dauert, deelgeholl hunn, si natierlech schonn am Bild, wat d'Vir- an d'Nodeeler vun de verschidde Motorisatioune sinn an awer wär eng kleng Opfrëschung net vu Muttwëll, huet et geheescht.

Bei der Initiativ geet et och drëms, dass d'Verkafspersonal aus de Garagen am Land am Kader vum Festival optimal preparéiert ass an interesséierte Clienten op ee Maximum vu Froe kompetent äntwere kann.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.