90, 70 oder 50An der Belsch kéint d'Vitess op den Autobunnen erofgoen

Bei villem Trafic wéilt de belsche Mobilitéitsminister per Gesetz festleeën, datt op den Autobunnen d'Vitess erofgesat ka ginn.

© AFP (Archiv)
An engem Interview op Bel RTL huet de François Bellot proposéiert, datt ee jee no Ëmstand d'Vitess op der Autobunn op bis zu 50 Kilometer an der Stonn limitéieren.

VIDEO: Den Interview vum François Bellot op Bel RTL


Als Beispill huet de belsche Mobilitéitsminister d'Situatioun ronderëm Bréissel ginn, wou et am Trafic moies net logesch ass, datt een den Automobilisten 120 Kilometer an der Stonn erlaabt. Do misst een d'Vitess, jee no Ëmstand, op 90, 70 oder esouguer 50 limitéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.