Manipuléiert MotorenLëtzebuerg muss och elo bestrofen

Vun der Europäescher Kommissioun war Lëtzebuerg kritiséiert ginn, well de Grand-Duché keng Strofen am Fall wou gefuddelt gëtt virgesinn huet.

D'Deputéiert vun der parlamentarescher Nohaltegkeetskommissioun hu sech en Donneschdeg mat engem Gesetzprojet befaasst, deemno Autosproduzenten an Zukunft Strofe riskéieren, wa si bei der Homologatioun vun hire Gefierer gefuddelt hunn.

Mam Text vum Gesetzprojet gëtt eng europäesch Direktiv ëmgesat. Déi gesäit Prisongsstrofen tëscht 8 Deeg an 3 Joer vir, esou wéi och Geldstrofen tëscht 251 an 500.000 Euro.

D'EU-Kommissioun hat also Lëtzebuerg kritiséiert, well hei keng Strofen am Fall, wou gefuddelt gouf, virgesi waren. Produzenten hätten een Homologatiounszertifikat krut, obschonns d’Systemer manipuléiert waren.

Ufank Februar soll de Gesetzprojet am Plenum votéiert ginn. Rapporter ass de gréngen Deputéierten Henri Kox.

D'Manipulatioun vu Motoren war e Méindeg och schonn e Sujet während enger Entrevue tëscht den Deputéierten an der EU-Transportkommissärin Violeta Bulc. Déi zoustänneg Kommissär huet an dem Kontext nei Kontrollmechanismen annoncéiert, fir d'CO2-Normen ze iwwerwaachen.