Autosalon zu GenèveNet all d'Marken, dorënner Opel, sinn zu Genève vertrueden

De Pascal Becker hat am Journal e kuerze Bléck op den Autosalon ginn a gewisen, wat alles do awer och net do ass.

Autosalon zu Genève (06.03.2018)
De Pascal Becker ass um Autosalon zu Genève dobäi
5 Marke si guer net komm a bei deenen, déi hei waren, huet ee gemierkt, dass weider iwwerall gespuert muss ginn. Déi grouss verschwenderesch Stänn si leider passé an och déi autonom elektresch Mobilitéit kënnt nëmmen zéi un d'Lafen. Vill Concept cars, wéineg déi ee muer scho kéint kafen. Heiansdo ass d'Zukunft méi lues, wéi ee mengt.

Den Autosalon zu Genève ass déi éischt grouss Veranstaltung vum Joer. Et ass schonns déi 88. Editioun.