Bedruch am DieselskandalWinterkorn kritt reprochéiert géint Ëmweltgesetz verstouss ze hunn

An den USA gëtt et ee Mandat d'Arrêt géint de Martin Winterkorn. Hie kritt reprochéiert géint d'Ëmweltgesetz verstouss an d'Autoritéite getäuscht ze hunn.

De fréiere VW-Chef Martin Winterkorn soll an den USA wéinst Bedruch am Dieselskandal zur Rechenschaft gezu ginn. Hie wéilt sech allerdéngs eréischt dann dozou äusseren, wann seng Affekote bis Abléck an d'Dossieren haten, heescht et aus Insider-Kreesser. Dat soll wahrscheinlech am Summer de Fall sinn.

An den USA gëtt et ee Mandat d'Arrêt géint de Martin Winterkorn. Hie kritt ënnert anerem reprochéiert géint d'Ëmweltgesetz verstouss an d'Autoritéite getäuscht ze hunn. An Däitschland enquêtéiert de Parquet vu Braunschweig ënnert anerem wéinst dem Verdacht op Bedruch géint de fréiere Manager vu Volkswagen.

Hie war am September 2015 vu sengem Posten zeréck getrueden, kuerz nodeems di amerikanesch Autoritéiten Manipulatiounen bei Dieselautoen opgedeckt haten. De Martin Winterkorn huet ëmmer nees betount, näischt falsch gemaach ze hunn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.