Bruch-Sëll a Miersch-AngelsbiergEn Dënschdeg goufen 2 weider Radaren a Betrib geholl

Déi 2 fixe Blëtz-Apparater tëscht Bruch a Sëll an tëscht Miersch an Angelsbierg hunn en Dënschdeg ugefaangen, d'Vitess ze kontrolléieren.

Op béide Plaze gëllt deemno Tempolimit 70km/h.

De mobille Radar, deen tëscht Bruch a Sëll stoung, ass net méi aktiv.

Och de fixe Radar um Enn vun der Escher Autobunn, virum Rond-Point Raemmerech ass jo schonn zanter enger Zäit fäerdeg. Wéini deen operationell wäert ginn, steet awer bis ewell nach net fest.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.