Route vu VinGeschafft gëtt an Etappen, Schantercher bis 2023

De Chantier oder vill méi d'Chantieren op der Wäistrooss kaschte villen Automobilisten vill Nerven.

D'N10 op der Hëttermillen.© Domingos Oliveira (RTL-Archiv)
Den Infrastrukturminister François Bausch präziséiert den Timing an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Octavie Modert.

PDF: D'Fro vun der Deputéiert an d'Äntwert vum Minister.

D'Aarbechten tëscht der Hëttermillen a Briedemes sollen am September fäerdeg sinn. Nom Kollektiv-Congé gëtt déi Streck nach emol fir zwou Woche komplett gespaart, fir déi lescht Couche vum Belag ze leeën.

Den Tronçon Ohn-Wormer, un deem ewell geschafft gëtt, soll 2019 fäerdeg ginn.

Zu Wormer selwer sinn Aarbechten vun 2019 bis 2021 geplangt.

Um Tronçon Éinen-Hëttermillen gëtt vun 2022 bis 2023 geschafft.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.