DieselskandalEnquêteuren hunn Audi-Chef Rupert Stadler festgeholl

Am Dieselskandal koum et um Méindeg de Moien zu engem spektakulären Ament, wéi de Chef vun Audi, de Rupert Stadler festgeholl gouf.

Rupert Stadler

Aktuell géif d'Haftprüfung nach lafen, dat huet d'Mammenhaus vu Volkswagen matgedeelt. Hie sëtzt elo mol an Untersuchungshaft. Als Grond fir d'Verhaftung gouf "Verdunklungsgefahr" festgehalen.

De Rupert Stadler ass zanter 11 Joer Chef bei Audi. Eréischt virun 1 Woch gouf d'Wunneng vum Stadler duerchsicht.