Autotest vum 24. Juni 2018Suzuki Swift Sport

De Suzuki Swift Sport suergt net mat vill Päerd fir Fuerspaass, mä mat sengem nidderege Gewiicht. An eisem Test trëfft hien op ee vu senge Virfahren.

Mir mussen dësen Test mat enger prinzipieller Fro ufänken. Dierf en Auto, deen nëmmen 140 Päerd ënnert dem Capot huet, iwwerhaapt „Sport“ op säi Mallendeckel schreiwen?

Optesch gëtt sech den neie Swift Sport schonn emol all Méi. Ofgesi vun der greller Faarf, spaant de klenge Japaner schonn am Stand d’Muskelen e bëssen un. E wierkt definitiv manner „Meedechersauto“ wéi seng zivil Cousinen. Och bannen.

Den Tableau ass zwar dee selwechten, dat heescht schwaarze Plastik, praktesch awer ouni vill Léift, mä da ginn et dës exzellent Sportsëtzer. Déi gesinn net nëmme gutt aus, si halen och gutt. An den Display liwwert zousätzlech Informatiounen. Sécher, et gi Konkurrenten, déi si méi edel verschafft a bidde méi Gadgeten, mä de Verzicht op iwwerdriwwene Luxus gëtt op der Wo belount.

De Swift Sport weit näämlech nëmmen 970 Kilo, an ass domatter hautzedags wierklech e Plommegewiicht, bal scho wéi deemools…

De Pascal katapultéiert eis elo mat engem Swift GTI an d’Joer 1991. Eng Zäit wou d’Designer sech nach méi getraut hunn. Vläicht waren awer och d’Wandkanäl an d’Computeren nach net esou performant? Op jidder Fall hunn d’Crash-Sécherheetsreegelen nach méi Fräiheete gelooss. Banne kann een net nëmmen eng Nues voll vun der Vergaangenheet huelen. Et kann een se esouguer upacken. Richteg grouss Knäppercher, en agebaute Radio, Pragmatismus amplaz Ästhetik. Am Swift ’91 sëtzt een awer wéi an engem Glaspalais, am moderne Swift fillt ee sech am direkte Verglach wéi an engem Bunker.

Egal op al oder modern, béid Swiften kultivéieren de Liewensmotto „méi ass manner“. De Joergang 2018 huet elo, wéi dat sech haut gehéiert, en Turbo ënnert dem Capot, e 1400er Boosterjet mat 140 Päerd. 230 Newtonmeter, 8 Sekonne vun 0 op 100. Am Autoquartett hätt ee mam Swift Sport wierklech ee ganz schwéiere Stand.

Fuerspaass gëtt hei definitiv net duerch Leeschtung definéiert, mä duerch dat nidderegt Gewiicht. Beim Bremsen, an de Kéieren, do mierkt een, dass de Swift Sport net vill weit. An dat mécht wierklech Spaass!

Fir op d’Fro vum Ufank zeréckzekommen: jo, de «Sport-Logo“ um Mallendeckel geet an d’Rei. An dobäi ass en emol net iwwerdriwwen haart oder onconfortabel. Och am Alldag ass een domatter op der sécherer Säit, a fir knapp 24‘000 Euro si schonn Accessoiren dran, vun deenen een an den 90er nëmmen dreeme konnt.

Och de Swift GTI war zu senger Zäit deen um Pabeier ënnermotoriséierten Underdog. En 1300er, mat 101 Päerd, d’Basis vum spéideren Hayabusa-Motor, an de Pascal fillt sech a seng Jugend zeréckversat. De Motor dréint wéi e klengen Däiwelchen, all Gang bitt de richtegen Uschloss... Do fille sech 80 un wéi 180. Dat ass déi richteg Fun-Recette.

Beim Fuere maachen déi zwee ähnlech vill Spaass. Mä de Pascal muss sech ouni Servo a mat schlechte Bremse vill méi ustrengen. An ech si frou, dass déi elektronesch Schutzengelen d’Hand iwwert mech halen. D’Virdeeler vum Fortschrëtt sinn offensichtlech. Mä de Swift Sport 2018 beweist, dass verschidde Qualitéiten vun deemools och haut nach valabel sinn.

Suzuki Swift Sport (20.06.2018)
De Suzuki Swift Sport suergt net mat vill Päerd fir Fuerspaass, mä mat sengem nidderege Gewiicht. An eisem Test trëfft hien op ee vu senge Virfahren.