VIDEOBustrafic: Alles am Bléck an der Leetstell

Et ass mega nerveg: Et steet een um Bus-Arrêt, et waart een, an da kënnt de Bus net. Da kann engem mol de Kolli platzen ...

Bustrafic: Alles am Bléck an der Leetstell (27.06.2018)
Et ass mega nerveg: Et steet een um Bus-Arrêt, et waart een, an da kënnt de Bus net ...
Mä och fir d'Chaufferen ass dat pure Stress. Wann hien oder si op eemol am Stau steet a Verspéidung kritt.

Nach viru Kuerzem waren a sou Situatiounen d'Passagéier an d'Bus-Chaufferen op sech eleng gestallt.

Mat der neier Leetstell vum Verkéiersverbond soll dat sech awer elo änneren: Et ginn Affichen, déi de Passagéier an Echtzäit doriwwer informéieren, wéini de Bus kënnt.

An am Bus soll d'Kommunikatioun tëscht Chauffer a Passagéier besser ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.